PREMIERE PAGE | MES LIVRES I | MES LIVRES II | THEODORAKIS (D) | THEODORAKIS (F) | MOZART (F) | MOZART (D)
Aus: Keng Dreem méi
Guy Wagner

dausend joer
hat ech gesot
dausend deeg
goufen et net
an dach...
nach
dausend joer
hätt ech ginn
fir
dausend deeg
nach
mat dir


sou soen ech der dann äddi
't ass Zäit datt ech ginn

ech wénken nach ëmmer
déngem zuch no
hie fiert an huet sech
séng gleiser gesicht

fir mech gëtt et zäit
och an den zuch ze klammen
fir aner deeg
fir aner joer

vläicht gesi mer eis erëm

an iergend enger stad
wäit ewech vun
eiser stad

an enger anrer zäit
ouni eis
ongelieften dreem


eng wiss

d'gras wiisst
deckt de buedem zou
wiist a verfault
fällt op de buedem

scho wiist erëm gras
op dem doudege gras
et huet kee gemierkt
datt et anert gras ass

alles as d'selwecht

kënnt ee mengen


 

sou hëlt d'zäit
wat mer gemengt haten ze hunn

eis léifte gi fort
bei aanrer oder
an d'graf

et bleift nëmmen dat
wat ee selwer
an sech schaaft
aus sech hëlt

e wuert an eng musek
e bild
e geschlaffene steen

spigel vun engem abléck
deen an sech
éiwegkeet ass

déi eenzeg


firwat sollte mir mënschen
anescht sinn wéi all aanres

wéi de steen an eng blumm
bam an en déier
e stéck vun der welt

vun der welt déi dréit
eis nach dréit
nach verdréit

mir dréien am krees
vum liewen

mir bleiwe net stoen
dofir
looss mer viru
goen

ech lauschtren
d'Zauberflöte
a léire
verstoen


ech ginn am däischtren de wee
op eng nei welt zou
klappen un d'dir
plakeg an aarm

loft a waasser a feier
verbrenne méng äschen
zu liicht



© Guy Wagner, 1980-81 - Publizéiert an der Kollektioun "MOL" n°24, 1881, vum Centre Culturel Déifferdang  

  • PREMIERE PAGE | MES LIVRES I | MES LIVRES II | THEODORAKIS (D) | THEODORAKIS (F) | MOZART (F) | MOZART (D)