Site Internet de Guy Wagner
Personnel Theodorakis Professionnel Les Cyranos Publications Liens


RIED ALS MERCI FIR DEN OPPENHEIMER-PRÄIS
 



Här Minister, Madame, Här Oppenheimer,

Dir Dammen an Dir Hären, léif Frënn,

 

En face vum Escher Theater steet e Monument, dat et nët dierft ginn: de Widerstandsmusée, deen duurch den onvergiessene Minister Robert Krieps, selwer Affer vun den Onmënschen, 1987 zum "Musée National de la Résistance" ginn ass. An dem Musée as och d'Dokumentatioun iwwer d'Schicksal vun de lëtzebuerger Judden mat engem besonnesch ergräifenden Dokument: d'Kaart vun engem Jong, dee knapp 14 Josr al, den 28. Juni 1944, op Lëtzebuerg schreift, fir ze soen, datt et séngem Papp an him eenegermoosse gutt géing goen, awer datt se géife verlaangeren.


Iwwerreechong: HH. Aach an Oppenheimer


Hie koum nët méi heem. Den 11. Oktober, keng véier Méint méi spéit, huet hien, op séngem Papp séngem Gebuertsdag, "ein Grab in den Lüften" fonnt, wéi de Paul Celan an sénger "Todesfuge" geschriwwen huet.

 

Dee jonke Mënsch, war de René Oppenheimer, eent vun de 6 Millioune jiddeschen Affer vun de Vertrieder vun enger ganz einfach perverser Ideologie, déi, fir d'éischt an der Geschicht, op eng souzesoën industriell Manéier hir vermeintlech Feinden vernicht hunn. Wéi schreift den Elie Wiesel an "Twilight": "The killings, the massacres, they were familiar to me; our history is filled with them. But this crime was different. This was an entirely new crime: an absolte crime. Absolute, since the killers made the corpses disappear. For the first time in our history, the victims could not even be buried."

 

Fir datt esou eppes an eisem "Jahrhundert der Barbarei", wéi de Karl-Heinz Deschner ët formuléiert huet, nët méi sollt virkommen, huet den Här Alfred Oppenheimer eng Fondatioun gegrënnt, déi de Numm vun séngem eenzege Jong dréit. Si as e Signal géint déi donkel Säiten am Mënsch a géint d'Resignatioun, an zugläich e Symbol vun der permanenter Hoffnung, sou wéi d'Jugend eent ass, wéi e René Oppenheimer eent war.

 

Ech hun d'Éier, deen éischte Lauréat vum René Oppenheimer-Präis ze sinn. Et as déi fir mech schéinsten Auszeechnong, déi ët mer bis elo gegënnt war ze kréien. Si seet mer, datt den Engagement, dee mer bewosst a konsequent am Escher Theater agaange sinn, dobausse séng Unerkennong fënnt. An dofir géif ech mech och gären als e Vertrieder vun deene gesinn, déi dësen Engagement mat mer deelen: An éischter Stell, d'Ariel, méng Fra, ouni déi ech ët nët géif packen an déi doduerch, datt hire Papp och Judd ass, mir nach e ganz anert Versteesdemech ginn huet fir eng Glawens- a Gedankewelt, déi an hirem Räichdëm eenzegaarteg ass. Den Escher Schäfferot, deen Vertrauen huet an eis Aarbecht an déi néideg Mëttelen zur Verfügung stellt, an ech se frou an dankbar, datt den Här Schaack, den Escher Buurgermeeschter, den Owend heihikomm ass. Dann d'Escher Kulturkommissioun, déi ëmmer unanime grad Propositioune ënnerstëtzt, déi engersäits d'Undenken un d'Affer vun der Nazizäit éiere an anrersäits fir eng méi human Zukunft pledéieren. A schliesslech eist Theaterpersonal, haut den owend hei vertrueden duerch d'Madame Schaul, chef de service an eiser Administratioun, ouni dat all gudd Iddiën, déi ee kéint hunn, nëmmen Iddië géife bleiwe: Déi vill Aarbecht muss gemeet ginn.

 

Ech si geéiert, datt den Här Santer mer en Telegramm gescheckt huet an datt den Här Steichen, Ministre délégué aux affaires culturelles, bei dëser Feier derbäi ass. De Kulturministère ass eis eng Stäip, ouni déi ët net géing.

 

Et däerf mer erlaben, eng Parallel opzestellen tëscht der neier Fondatioun an dem 30järegen Escher Theater. Eis Kulturhaus ass och e Symbol an en Ausdrock vun enger permanenter Hoffnung a vum Vertrauen an d'Zukunft. An enger Stad, wou Mënsche vun iwwer véierzeg Nationalitéiten zesummeliewen, gëtt et d'Méiglechkeet vum Zesummesinn a vum gemeinsamen Erliewe vun deem, wat de Mënsch iwwer séng materiell Konditioun eraushieft: Vun deem, wat zanter Joërhonnerten eis mënschlech Existenz op eng gëlteg Aart a Weis gedeit huet, a vun deem, wat Froe stellt iwwer dat, wat haut ass a wat muer kéint sinn.

 

Fir datt déi Zukunft dem Mensch-Sinn wierdeg ass, ass jiddferee vun eis zu engem onbedéngten Engagement verpflicht. Dora gesinn ech als Eenzelpersoun an all Verantwortlechen op enger verantwortungsvoller Plaz, och méng besonnesch Responsabilitéit: mat bäizedroen zu enger besserer Welt fir déi Generatiounen, déi no eis kommen, - enger Äerd, wou een nach drop ka liewen, enger Welt ouni Viruurteeler, ouni Haass, ouni Friemefeindlechkeet an ouni Rassewahn, enger Welt, déi opp ass fir nei Iddien, fir en neit Versteesdemech, eng Welt vun Toleranz, wou een erëm op deen anere lauschtert an deem séng Meenong nët nëmme just respektéiert, mee bereet ass, sech fir si ansetzen.

 

Dat heescht, sech virun allem och géint all Bestriewongen ze wieren, déi dat Fuurchtbart vu viru 50 Joer wëlle vergiessen, wëlle beschéinegen, wëllen leegnen oder wëllen erëm erbäibréngen.

 

Dogéint muss ëmmer erëm d'Erënnerong gesat ginn a permanent mat Alternative gekämpft ginn, well "Der Schoß ist fruchtbar noch, aus dem das kroch", wéi de Brecht geschriwwen huet, a mir kënnen all Dag erliewen, wéi dat erëm do erauskraucht, nët nëmme bei eisen Noperen oder an deene Länner, déi an Osteuropa eng nei Fräiheet kritt hunn, - a grad bei deenen! - mee och bei äis.

 

Dofir musse mer och bereet sinn, eis all Dag z'engagéieren, an dat verlaangt Courage.

 

Dëse Präis gëtt mir Courage an eng nei Bereetschaft, an ech soen dem Jury an Iech alleguer villmols merci. Är Sympathie mecht mer Är Ennerstëtzong fir dee grondsätzleche Glawen däitlech, deen ech deele mat engem aneren Affer vun der Nazi-Barbarei, dat ee Joer méi al war wéi de René Oppenheimer: d'Anne Frank. Just ier hatt verhaft gouf, huet et geschriwwen: "Ich glaube an das Gute im Menschen."

 

Iech, léiwen Här Oppenheimer, soen ech mäin déiwe Respekt.

 

Guy Wagner

4.9.1991

publié in: Kulturelles Tagebuch, Phare, nouvelle série, 8.11.1989

 
Retour... Ecrits... Textes dans la presse...

©2003 Guy Wagner Personnel TheodorakisProfessionnelLes CyranosPublicationsLiens